Fier eise Veräin war et e spannenden Mëtteg voller Emotiounen.
Trotz enger schwiereger Zäit huet d’Luana, 9 Joer, e gudden stabelen Match gewisen an koum op di gutt 9. Platz.
D’Léa, 11 Joer, hat 2 Chutten op der Putter mä konnt sech souverän géint seng Konkurrentinnen duerchsetzen an huet sech den Titel Championne
an der Altersklass 10 Joer wierklech verdéngt.
D’Mia hat direkt 4 Chutten op der Putter ,mä säin héijen Ausgangswärt respektiv seng schwéier Übungen
hunn him trotzdem eng super 2. Platz
an der Altersklass 12-13 Joer bruecht an hat ass domat Vice-Championne vum AK 12-13Joer
Mir sinn immens stolz, net nëmmen op si 3, mä op all eis Turnerinnen déi dësen Week-end ugetrueden sinn!
Awer och eisen 3 Hapttrainer , dem Laszlo Nemeth, dem Virginie Heene an dem Jessica Dos Santos Ribeiro, souwéi eisem Haaptjuge, Martine Reuter soen mir Merci!!!
Si all zesummen sinn e supert Team!